Veräinshistorie

D’Grënnung vum Veräin geet op den 06. November 1947 zréck. Un dësem Dag ass déi sportbegeeschtert Duerfjugend vu Baastenduerf zesumme komm fir mat den Duerfleit ze diskutéiere fir ee Fussballveräin ze grënnen.

Den 19. November 1947 ass déi éischte Generalversammlung aberuff gi fir déi definitiv Ofstëmmung iwwert Statuten an den éischte Comité huet sech forméiert. Insgesamt si 17 Lizenzen ënnerschriwwe ginn, d’Veräinsfaarwen si festgeluecht ginn, an den FC 47 BASTENDORF war gebuer. Den éischten (awer inoffiziellen) Match war den 01. Januar 1948 zu Uewerpallen. No dem offizielle Bäitrëtt an d‘ „Fédération Luxembourgeoise de Football“, konnten och déi éischt offiziell Frëndschaftsmatcher organiséiert ginn. Déi éischt Victoire vum FC 47 war den 09. Mee 1948 wéi een doheem 3:2 géint Berdorf gespillt huet. Gespillt gouf op der sougenannter „Heiligen Wiese“, wou och nach haut gespillt an trainéiert gëtt, och wann den Terrain mëttlerweil syntheetesch ass.

Am Summer 1948 huet den FC 47 dann och déi éischte kéier um Championnat deelgeholl. Ufanks hat ee sportlech nach mat gewëssene Problemer ze kämpfen, mee et konnt een ëmmer nees kleng sportlech Erfolleger feieren. 1955 ass de Veräin déi éischte kéier an déi 2. Divisioun opgestigen, leider huet een no engem Joer rem missen de Gang an 3. Divisioun untrieden. Déi nächst Saison’en sinn dunn relativ roueg verlaf. Bis dunn an den 80’er Joren d’Iddi entstanen ass fir en neien Terrain ze plangen. Am Joer 1989 war et du souwäit, mat dem 2. Opstig an d‘2. Divisioun an der Geschicht vum Veräin, ass des Iddi dann och an t’Realitéit ëmgesat ginn an 1994 war et souwäit, d’Millewiss konnt ageweit ginn a bis haut gëtt dësen Terrain vun eisen Ekippe genotzt. A fir dat d‘Leit net duuschtreg an hongreg beim Terrain stinn, ass em Joerdausendwend de Gourmet Tempel gebaut ginn.

Sportlech huet sech an den 90’er Joren sou munches beim FC47 verännert. No dem 3. Opstig 1992, huet een et fäerdeg bruecht sech an der 2. Divisioun z’etabléieren. 1997 huet een souguer de Sprong an d‘1. Divisioun vollbruecht. Mat vill Motivatioun an Éiergäiz huet de Veräin et fäerdeg bruecht sech an den 2000’er Joren eng fest Positioun an der 1. Divisioun z’erkämpfen.

An all deene Joren ass den FC 47 stets gewuess an huet net nëmmen am Seniorsberäich Erfolleger ze feieren. Och Beräich vun der Jugend si vill Efforten iwwert Jore gemaach ginn. 1997 konnten déi éischt Ekippe bei de Poussins a Minimes ugemellt ginn. Vun do un ass Zuel u lizenzéierte Spiller am Jugendberäich steteg gewuess an et huet sech eng Jugendkommissioun, aus Traineren an Eltere gebillt fir dat eis Jugend beschtméiglech konnt encadréiert ginn. Sou ginn dann och reegelméisseg Trainingcamps organiséiert an awer och aner Aarte vun Ausflich, wéi zum Beispill Bundesliga Matcher kucke goen. Sou zielt de Veräin haut insgesamt ronn 150 Jugendspiller*innen déi a 7 Alterskategorien untrieden.

Duerch Éierlechkeet, Zouverlässegkeet, Zesummenhalt a Kollegialitéit ass den FC 47 Bastendorf zu deem Veräi ginn, wéi mir en haut kennen.