Testmätcher virun der Réckronn!


13 January 2020

Et ass nach eng Zäitche bis d'Réckronn vun der 2. Divisioun rem ugeet (1. Mäerz).

Ma gottseidank léisst sech dës Zäit iwwerbrécken. Bal eng Dosen Testmätcher si geplangt an et geet well dëse Weekend an der Fiels un, dat mat engem Testmätch e Freideg owend (17.01.).
EDIT: Dëse Mätch ass lo réicht um 20h, net wéi ursprünglech geplangt um 19h30).

Den Detail vun all de geplangte Mätcher gesitt dir um Bild. Et kann natierlech ëmmer sinn datt esou Mätcher kuerzfristeg änneren. Dee Moment probéiere mir dëst sou fréi wéi méiglech hei um Site ze annoncéieren!

Net ze vergiessen och eis Fuesbaler am Februar! Den 22. Februar ass Kannerfuesbal an owes grousse Präismaskebal, Dënsdes ass dëst Joer eisen neien Afterwork Fuesparty mam DJ Thiffi, wou Dir well um 17h kënnt puer Pätt drénke kommen.