Optakt gelongen - 7:0 géint Harel-Tarchamps

Foto vun Daniel Simon



09 March 2020

Den Optakt an d’Réckronn ass der 1. Ekipp vum FC 47 Baastenduerf gelongen. Nodeems den éischte Mätch vun der Hironn ofgesot gi war (an dëse Mëttwoch nogespillt gëtt), war den éischte Championnatsmätch fir den FC 47 am Joer 2020 also géint Harel-Tarchamps. An der Hironn war et well en eendeitegt Ergebnis mat 1-6 fir di Rout, woubäi dëst Resultat awer réicht an de leschten 20 Minutte sou héich zustan komm ass. Dës Kéier war et da well relativ fréi däitlech datt Baastenduerf dës Partie net aus der Hand géif ginn. De Bobby Mendes war alt rem de Matchwinner an et gouf och nach zwee laang ersehnte Comebacks.

 

No engem rouegen Ufank huet et 18 Minutte gedauert bis datt mol eppes nennenswertes geschitt ass, ma dem Bobby Mendes säin éischte Schoss sollt ongeféierlech fir den Hareler Golkipp sinn. Eng Minutt drop war et awer du souwäit: den David Lorang huet de Ball schéin an de Laf vum Bobby geluecht, deen en dunn am Rutschen héich an de laangen Eck gejot an dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Domat war de Mätch dann och endlech waarm ginn a 5 Minutten drop war et well 2:0. Rem war et de Bobby deen dës Kéier vun der lénker Säit koum an de Ball flaach riets bannen niewt de Potto gesat huet.

Déi ganz éischt Halschent hunn déi Baastenduerfer an hire rouden Trikoten vill Drock iwwer d’Säite gemaach, ma den Dany Botelho a Fabio Lesueur haten nach net de Succès fir och déi lescht Pass am 16er un de Mann ze bréngen. Sou huet et bis kuerz virun der Paus gedauert bis de Bobby Mendes säi („lupenreinen“) Hattrick vollende konnt: Hien huet engem Hareler Verteideger de Ball an hirem Strofraum ofgeholl a kuerze Prozess gemaach. 3:0.

 

Sou war et well an der Paus eng eesäiteg Affär, a wärend Harel-Tarchamps a gréng eng Partie Konterméiglechkeeten haat, hu si se net zu Enn gespillt kritt. Schlussendlech huet déi Baastenduerfer Verteidegung all Virstouss vun deene Grénge souverän geklärt, sou datt de Gilles Reiser am Gol seelen eppes ze dinn haat déi éischt 45 Minutten. Virun allem de Ricky Teixeira an den Nilton Tavares si positiv opgefall, an dat och mat staarke Bäll no vir a gudde Virstéiss.

 

No der Paus dunn huet Baastenduerf och net einfach nogelooss, mä monter weider no vir gespillt. An der 48. Minutt loung de Ball du scho rem am Hareler Gol. De Bobby huet dës Kéier rem op de Gol geschoss, ma de Golkipp konnt den ofgefälschte Ball nach ofwieren, sou datt de Fabio konnt ofstëpsen. 4:0.

 

Ee vun de gudde laange Bäll vum Ricky ass an de Laf vum Dany Botelho um rietse Flilléck komm, sou datt hien alleng duerch war. Hien ass du riets laanscht de Golkipp gaange, ma de Wénkel war ze spatz ginn, sou datt de Ball schlussendlech laanscht de Gol gaangen ass. An der 54. Minutt dunn déi éischt Geleeënheet fir Harel: Eng Flank gouf ze kuerz ofgewiert an dat an de Fouss vun engem Hareler, deen e schéine Volleyschoss laanscht de Gol gesat huet.

 

No enger Stonn war et dunn e besonnege Moment fir Baastenduerf, well de Claude Raths säi Comeback feiere konnt. No iwwer annerhalwem Joer Verletzungsmisère dierft de Claude nach bësse matmëschen a Spillpraxis kréien (fir de Christoph Herrmann). An der 63. Minutt huet eis Ofwier dunn dem Gaascht vun Harel bal e Gol geschenkt: E Mëssverständnis tëscht dem Gilles Reiser am Gol an dem Ricky huet dozou geféiert datt en Hareler konnt fräi op de Gol schéissen, ma och hei war de Wénkel ze spatz ginn. Déi Hareler kruten zu dëser Zäit vum Mätch bëssen Opwand, vläicht och well Baastenduerf eng Paus ageluecht huet. An der 66. Minutt konnt de Gilles am Baastenduerfer Gol sech dunn och auszeechnen, wéi hien e Wäitschoss schéin iwwer d’Laat geluecht huet. Ab der 70. Minutt hunn déi Rout sech dunn awer rem um Rimm gerappt a rem no vir gespillt: fir d’éischt haat de Kapitän Francis Gengler d’Chance aus kuerzer Distanz, ma hie krut de Ball net mam Kapp kontrolléiert. Kuerz drop du konnt den Dany Botelho op 5:0 erhéichen no Virlag vum Bobby Mendes.

 

An der 74. Minutt du sollt den nächste Baastenduerfer säi Comeback feieren, wéi de Pierre Marchal agewiesselt gouf fir den Dany Botelho. Kuerz drop koum och de Cyril Dacunha ra fir de Ricky Teixeira. Direkt dono, an der 78. Minutt hunn déi Rout dann och gewisen datt si nach net genuch haten: E Konter iwwer de Yannick Zeien ass iwwer de Bobby Mendes beim David Lorang geland, deen de Ball wonnerbar iwwer den Hareler Golkipp hiewe konnt. 6:0.

De Schlusspunkt konnt och den David Lorang setzen, an dat no enger schéiner Viraarbecht vum agewiesselte Pierre Marchal, dee sech staark op der rietser Säit duerch déi Hareler Verteidegung gedribbelt huet.

 

Domat haaten déi Baastenduerfer insgesamt keng richteg Méih dëse Mätch ze gewannen. Erwähnenswert waren déi zwee Comebacks vum Claude Raths a Pierre Marchal an déi nächst Glanzleeschtung vum Bobby Mendes mat 3 Goler an 3 Virlagen. Dëse Mëttwoch (20h) geet et dann doheem mam Nohuelmätch géint Reisduerf weider, ier et op de schwieregen a wichtegen Auswärtsmätch beim Tabellenéischten Useldéng geet (15. Mäerz).


DS