Nico Weis hält no iwwer 32 Joer op als Präsident vum FC 47 Baastenduerf

lénks: Nico Weis 1987. uewen: de Comité 2019 (Paul Gils feelt) Foto vun John Mancuso



16 October 2019

 

No 32 an engem halwe Joer un der Spëtzt vum FC 47 Bastenduerf huet den Nico Weis elo décidéiert, datt et duergeet. Scho säit e puer Joer huet den Nico ëmmer rem kloer gemaach, datt hien net éiweg als Präsident kéint a wéilt weidermaachen. Wieklech konkret goufen dës Drohungen awer réicht rezent. An enger Comitéssitzung Enn August huet hien dem Comité kloer gemaach datt spéitstens Enn der Hironn Schluss wier. Doropshin hunn dräi Comitésmembere sech zur Verfügung gestallt fir interimsméisseg ze iwwerhuelen.

 

Et fällt engem schwéier sech den FC 47 Baastenduerf ouni den Néckel virzestellen. Iwwer 32 Joer war hien d’Gesiicht vum Veräin an nach vill méi. Hie war ëmmer do, huet ëmmer Kloertext geschwat a war bei jidderengem beléift. D’Spiller haate meeschtens e gudden Drot zu him an et gouf net seele Spiller, déi ënnert anerem wéinst senger Iwwerzeegungskraaft de Wee op Baastenduerf fonnt hunn. Den Néckel haat an huet ëmmer en oppent Ouer fir jiddereen am a ronderem de Veräin a war och seele bei der 3. Halschent net dobäi. Vill iwwer d’Ufankszäite vum Präsi kann den Auteur vun desen Zeilen net verroden, well deen deemols mol nach net gebuer war. Et fällt awer net schwéier sech virzestelle wéi vill de Präsi fir dëse Veräin gemaach huet, wann een e schonn “nëmmen” di lescht 10 Joer konnt beobachten. Den Nico huet eng onfaassbar Quantitéit u Kraaft, Energie an Zäit an dëse Veräin gestach an en zu deem gemaach wat en haut ass.

 

Tatsächlech war den Nico Weis, dee sech äusserlech eigentlech säit 30 Joer kaum verännert huet (siehe Foto), laut eegenen Aussoen 3-4 Joer am Comité, ier en sech den 11. Juli 1987 op der Generalversammlung zur Wiel gestallt huet fir dann och Präsident ze ginn. D’Entscheedung lo ass dem Néckel dann natierlech och net liicht gefall fir, no sou laanger Zäit, offiziell vu senger Positioun (an aus dem Comité) zeréckzetrieden, ma d’Zäit ass eegenen Aussoen no komm fir e Wiessel.

Di aner Membere vum Comité ware sech eens datt den Néckel net ze ersetzen ass, an eigentlech keng eenzel Persoun dës grouss Schlappe ka fëllen. Schlussendlech hunn awer elo dräi laangjähreg Comitésmembere sech bereet erklärt fir opmannst interimsméisseg d’Aufgaben ze iwwerhuelen: De Joe Dedisch, deen déi meescht als onfaassbar charmanten ehemolege Goalgetter dierfte kennen, deen onermiddlech mam Ries Marc an engem Grinsen am Gesiicht Sonndes dofir suergt datt d’Zuschauer fir den éischtklassege Fussball puer Su bezuelen. De Marc Weis, dem (dann elo ehemolege) Präsident säi Bouf, dee fréier als Golkipp mat Paraden a roude Kaarten op sech opmierksam gemaach huet an als Schaffdéier gëlt. An zu gudder Lescht de Charel Weiler, deen - och wann hie sech a senger Fussballercarrière um Ufank veriert haat - mëttlerweil säit Joren e feste Bestanddeel vum gréisste Veräin aus der Gemeng ass an ëmmer mat Rot an Dot zur Säit steet. Dësen Triumvirat iwwerhëlt also elo mol interimsméisseg (bis d'Generalversammlung am Juli) d’Roll als Kapp vum Veräin.

Insgesamt ass de Comité souwisou amgaangen, d’Responsabilitéiten an di villfälteg Aufgaben op méi Schëlleren, besser a méi kloer ze verdeelen, sou datt de Comité lo nach méi no zesummerutscht.

Fir verschidde Leit wäert des Entscheedung iwwerraschend kommen, ma eigentlech huet de Präsi, deen dese Spëtznumm wuel kaum verléiere wäert, säit e puer Joer domat gedréit datt dat awer lo wieklech säi lescht Joer wier. De Comité seet hirem Präsident dann ee riesegrousse Merci datt hien awer nach esou laang duerchgehalen huet, an natierlech fir all déi Aarbecht, déi hien iwwer sou laang Zäit geleescht huet. Den Néckel bleiwt natierlech weiderhi Member vum Veräin, wäert dem Comité weider als Beroder zur Säit stoen an natierlech och weiderhi seng Meenung staark vertrieden, ebe just net méi als Präsident, ma just nach als “Präsi”.

 

 

Fir de Comité,

Daniel Simon


PS: D'Foto vum Comité (mat Erklärung) ass am Beräich "Club --> Organigramme" op dësem Site ze fannen