Frëndschaftsmätcher FC47 Baastenduerf mat Covidcheck


20 July 2021

-- Mätch den 29. Juli ass kuerzfristeg ofgesot!!!--

Den FC 47 Baastenduerf spillt am Summer 2021 rem Fussball!

Am Kader vun der Virbereedung geet et den 20. Juli zu Ierpeldéng lass.
Den Donneschdeg a Freideg (22. & 23. Juli) sinn dann och déi éischt Heemmätcher vun der zweeter an éischter Ekipp.

Fir all d'Heemmätcher zu Baastenduerf mat den aktuelle Covid-Restriktiounen ass e Covid Check néideg fir ranzekommen an de Mätch ze kucken. Dat heescht Dir braucht entweder e gültege Certificat vun engem aktuellen Test, oder vun enger Impfung oder datt Dir geheelt sitt (mat enger Infektioun aus de leschte 6 Méint). Dir kënnt och Ären eegene Schnelltest op der Plaz maachen, sou datt mir dat negativt Resultat op der Plaz gesinn.
Mir als Veräin hunn awer selwer keng Schnelltester fir Zuschauer zur Verfügung.