Frëndschaftsmätcher FC47 Baastenduerf


28 July 2020

Nodeems den éischte Frëndschaftsmätch an der Virbereedung vun der 1. Ekipp vum FC 47 Baastenduerf kuerzfristeg verluecht gouf - Beggen huet missen ofsoen a mir hunn amplaz zu Gilsdref gespillt a 6:0 gewonn - wollte mir och déi nächst Virbereedungsmätcher hei publizéieren.

Allerdéngs wëlle mir drop opmierksam maachen, datt déi verschidden Datumer an Zäiten opgrond vun der aktueller Situatioun natierlech kuerzfristeg ännere kënnen, dowéinst kënne mir net fir d'Richtegkeet vun de folgenden Infoen garantéieren. Mir probéieren awer dës Lëscht uptodate ze halen.

28. Juli zu Steeën (Bloen Eck). FC Blo-Wäiss Miedernach - FC47 Seniors I um 19:30
28. Juli zu Steeën (Bloen Eck). FC Blo-Wäiss Miedernach II - FC47 Seniors II um 20:00
31. Juli zu Reisduerf. Reisduerf - FC 47 Seniors I um 20:00
05. August doheem. FC 47 Seniors I - Berbuerg um 19:30
06. August Tournoi zu Ierpeldéng fir 1. an 2. Ekipp ab 18:30
08. + 09. August Finalen vum Tournoi zu Ierpeldéng
OFGESOT! 11. August zu Wëntger. Wëntger - FC 47 Seniors I um 20:00
13. August doheem. FC 47 Seniors II - Grevels um 19:30
14. August doheem. FC 47 Seniors I - Ralingen
17. August doheem. FC 47 Seniors II - Ierpeldéng II um 19:30
21. August doheem. FC 47 Seniors II - Beckerich um 20:00
22. August zu Mensdorf. Mensdorf - FC 47 Seniors I um 17:00
25. August doheem. FC 47 Seniors I - Jeunesse Biwer (Pafendall war urpsrünglech virgesinn) um 20:00
25. August zu Wëlwerwoltz. Wëlwerwoltz - FC 47 Seniors II um 20:00

D'Heemmätcher ginn um Grasterrain gespillt, a mir bieden all Zuschauer sech un d'Ofstänn ze halen an eng Mask unzedoen. Weider Infoen zu der momentaner Situatioun op www.covid19.lu