Éischt 3 Punkten zu Reisduerf!

Foto vun Charles Weiler



02 September 2019

Den FC47 Baastenduerf ass rem zréck an der Spur!

No der Néierlag um 1. Spilldag doheem géint Iechternach (1:2), huet eis 1. Ekipp sech rem erkritt. An der Woch gouf et eng éischt Victoire, an dat an der Coupe FLF zu Menster (3:1), an och de Sonndeg zu Reisduerf ass et fir 3 Punkten duergaang.

Zu Reisduerf huet et, wéi d'Woch virdrun och, zwar eng Halbzeit gedauert bis datt den FC47 d'Spill u sech gerappt huet, mä des Kéier huet et awer besser geklappt. Den USR war duerch en ofgefälschte Fräistouss an der 1. Halschent a Féirung gaangen (Ramdedovic), mä si hunn sech och eng giel-rout Kaart agehandelt. Den Czerpak vu Reisduerf war net mam Arbitter senger Entscheedung  (giel fir e Foul am Mëttelfeld) zefridden, huet de Ball fortgeschoss a krut dunn direkt nach eng giel Kaart an dierft dusche goen. Dëst war just virun der Paus.

Bis dohin haat den FC47 offensiv nach net vill emgerappt, ma d'Spiller a rout koumen no der Paus awer mat méi Elan aus der Kabinn a lues a lues hu si di Reisdrefer ëmmer méi hannen ageschnéiert. No 70 Minutte war et dunn endlech sou wäit: de Yannick Zeien gouf am Strofraum vun de Bee geholl, an den David Lorang huet de fällegen Eelefmeter souverän verwandelt.

Di Baastenduerfer hunn du weider no vir a kloer op Sieg gespillt. Et war du rem den David Lorang, deen no schéiner Viraarbecht vum Dany Lage Botelho den 2:1 markéire konnt. Duerno huet den FC47 och net méi vill ubrenne gelooss (de kuerz virdrun agewiesselten Nuno Ribeiro haat souguer nach e Ball op d'Laat geschoss) a si hunn di verdéngten 3 Punkte mat heem op Baastenduerf geholl.

Als nächst spillt eis 1. Ekipp dann an der Coupe doheem géint Käerch (08.09. 16:00) ier et de 15. September am Championnat op Harel geet. Di Hareler stinn de Moment mat 4 Punkten an ouni Néierlag e Punkt viru Baastenduerf. Ausserdem hu si, am Géigesaz zu Baastenduerf, mat 3:1 géint Iechternach gewonn.


DS

Quellen iwwer d'Spiller vum US Reisduerf: FuPa