Eis 1. Ekipp géint Lëntgen an nach vill méi


03 October 2020

E Freidegowend huet eis 2. Ekipp gutt virgeluecht a mat 6:0 den Derby zu House gewonn.

Elo ass et un den aneren Ekippe fir dëse Weekend nozezéihen.

En Highlight dobäi ass natiirlech eis 1. Ekipp, déi e Sonndeg doheem géint Lëntgen wäert probéieren hir éischt 3 Punkten ze kréien. Dëst wäert keen einfacht Ënnerfaange ginn, well Lëntgen no 6 Mätcher well 11 Punkten um Konto huet an domat op der 5. Plaz steet.

D'Iwwersiicht vun de weidere Mätcher gesitt dir uewen um Bild.