Baastenduerf setzt sech géint Wëntger duerch a klëmmt op 2. Plaz

Foto vun Daniel Simon



14 November 2019

Um Mëttwochowend war et schlussendlech eng relativ eesäiteg Affär, déi di Baastenduerfer mangels Chanceverwertung trotzdem nach eng Kéier spannend gemaach hunn.

Trotz dem naasskaale Wieder um Mëttwochowend hu sech nawell vill Leit zu Baastenduerf zesumme fonnt fir den Nohuelmätch géint den AS Wëntger kucken ze kommen. De Mätch war intensiv gefouert, ma et huet laang gedauert bis d'Zuschauer eng éischt geféierlech Szen ze gesi kruten. Iwwer 20 Minutte ware gespillt wéi de Bobby Mendes eng hallefhéich Flank ugeholl huet an de Ball aus der Dréihung volley nëmme knapps laanscht de Potto gesat huet.

Dës Aktioun huet di Baastenduerfer spilleresch Dominanz ënnermauert an de Startpunkt gesat fir eng Well vun Ugrëff ab der 30. Minutt. An der 32. Minutt koum de Bobby zum Kappball no engem Fräistouss aus dem Halleffeld, ma dësen ass leider op d'Laat geflunn iert de Golkipp de Ball konnt ënnert sech begruewen. Als nächst huet de Christoph Herrmann per Dropkick aus ca. 16 Meter iwwert de Gol gezilt. Nëmme kuerz drop huet de Fabio Lesueur aus gutt 20 Meter per Flaachschoss de Potto getraff. Sou lues wier et Zäit gi fir e Gol fir di Rout, ma e wollt einfach net ragoen. Sou och an der 39. Minutt wéi de Golkipp e Schoss vum opfällege Mike Do Rio nach aus dem laangen Eck gekrazt huet.

Sou goung et mat engem 0:0 an d'Paus, an dat zimlech glécklech fir di Orange vu Wëntger, déi zwar matgespillt hunn, ma awer ouni nennenswert Offensivaktioun.
Di zweet Halschent huet rem méi lues ugefaang an et war eigentlech déi éischt richteg Chance fir di Baastenduerfer an den zweete 45 Minutten déi d'Féirung bruecht huet. Den Dany Botelho huet de Ball vu riets rabruecht, Wëntger kann net entscheedend klären an de Bobby léisst sech d'Chance net huelen a schéisst de Ball vun innerhalb dem Strofraum flaach iwwerluecht an den Eck. 1:0.

10 Minutten drop war et rem de Bobby mat engem gudde Schoss, ma deen ass knapps laanscht de Gol geflunn. Sou war et eigentlech deene Roude geschold, datt si de Mätch net scho méi fréi entscheede konnten. An der 70. Minutt haat d'Heemekipp du suguer Chance datt de Luigi Porritiello e Ball vun der rietser Ofwiersäit praktesch op der Linn rette konnt. An der 78. Minutt dunn déi gréisste Chance fir Wëntger: e Stiermer kritt de Ball an de Laf gespillt, e gëtt net vun der Ofwier gestallt, sou datt de Gilles rauskomme muss. De Stiermer huet de Ball dunn och laanscht de Golkipp geluecht, awer och ganz knapps laanscht de Gol. Baastenduerf haat an dëser Szen a Phas vum Mätch eigentlech Chance, datt si weider 1:0 a Féirung waren. An der 84. Minutt louch de Ball du schlussendlech tatsächlech am Gilles Reiser sengem Gol, ma et war awer richtegerweis Abseits gepaff gi vum Arbitter.

An der Nospillzäit vun enger zerfuerener a relativ chaotescher zweeter Halbzeit haat Baastenduerf nach d'Chance fir den Deckel drop ze maachen, ma den Dany Botelho krut en Ofpraller no Schoss vum Fabio net laanscht de Golkipp, a sou ass et bei der insgesamt verdéngter 1:0-Heemvictoire fir den FC47 bliwwen. Domat steet den FC47 op der 2. Plaz, déi en direkten Opstig zréck an d'1. Divisioun bedeite géif.

E Samsdeg um 18h geet et dann zu Béiwen em déi nächst wichteg 3 Punkten. Do gëlt et dës 2. Plaz virun dem aktuellen Drëtten ze verteidegen. Déi Béiwener hunn nämlech nëmmen 2 Punkte manner um Compte.