All d'Mätcher bis op weideres ofgesot!


23 October 2020

Opgrond vun der aktueller Situatioun huet d'FLF um Freideg matgedeelt, datt all d'Mätcher (ausser d'BGL Ligue) bis op weideres net wäerte stattfannen. Dëst war d'norecht no der Pressekonferenz vum Premierminister an der Gesondheetsministesch, an där nei Mesüren annnoncéiert goufen.

Den FC 47 Baastenduerf wënscht jidderengem eng gutt Gesondheet an hofft datt jiddereen sech un déi nei Reegelen hält a Responsabilitéit iwwerhëlt, fir datt mir hoffentlech an net all ze laanger Zäit rem kënnen an dierfe Fussball spillen.