5:1-Victoire an der Coupe de Luxembourg - Mendes mat Hattrick

Et war nawell rutscheg zu Baastenduerf Foto vun Jost Jessica, FuPa



08 September 2019

Den FC 47 Baastenduerf huet den éischten Tour vun der Coupe iwwerstan, an dëst mat enger Rutschpartie an engem 5:1 géint den FC Käerch. Tëschenduerch hunn di Baastenduerfer et awer kuerz nach spannend gemaach.

 

Den FC 47 huet gutt ugefaang an d‘Jonge ware gutt am Mätch dran. No 9 Minutte stoung et well 1:0. De Fabio Lesueur gouf am Strofraum gefoult, an den David Lorang huet de fällegen 11er mat Chance verwandelt: de Golkipp vum FC Käerch war um relativ zentral geschossene Ball nach drun an de Ball ass awer nach an de Gol getrudelt.

 

Obwuel de Mätch eenegermoossen oppe war, haat een den Androck datt Baastenduef an der 1. Halschent zu all Zäitpunkt d‘Kontroll haat. No 20 Minutte gouf et Fräistouss am rietsen Hallefraum, de gefoulte Yannick Zeien huet d‘Flank geschloen an de Bobby Mendes konnt säin éischte Gol vum Dag markéiren: 2:0.

 

De Rescht vun der 1. Halschent gouf et een Hin-an-Hier: Fir d’éischt huet den Tan Dat Bui (genannt Taki) am Gol vu Baastenduerf am 1-géint-1 gerett, dunn haat den FC 47 zwou grouss Chancen, zweemol a Persoun vum opfällege Bobby Mendes. Eng Kéier hut de Käercher Golkipp staark paréiert, di aner Kéier huet d‘Laat de Keeper bei engem Wäitschoss gerett.

 

Dunn ass et an d‘Paus gaang mat 2:0, obwuel den FC 47 och hätt kënne méi kloer féiren.

D‘Quittung koum direkt no der Paus (48‘), wéi den Osvaldo José Gomes Borges eng Onopmierksamkeet vun de Baastenduerfer ausgenotzt huet an den 1:2 markéire konnt. Den nächsten Ofschnëtt vum Mätch huet den FC Käerch ëmmer méi d‘Kontroll iwwerholl an Drock opgebaut. Di Baastenduerfer hunn an deser Phas net 100% präsent gewierkt.

 

An der 60. Minutt haaten di Baastenduerfer souguer Chance datt et net 2:2 stoung, well e schéine Wäitschoss vum José Gomes Borges op d‘Laat geknuppt ass. An der 70. Minutt huet den Taki rem misse retten, an 3 Minutten drop huet de Bobby op der anerer Säit de Gol an eng méiglech Virentscheedung nëmme knapps verfeelt.

 

Déi koum du 6 Minutte méi spéit: den agewiesselte Rafael Coimbra Vaz huet de Fabio Lesueur schéin op lénks geschéckt, dee spillt e rem fir de Rafael an de 16er. Flank op den Eelefmeterpunkt, wou de Bobby de Ball unhëlt an nach aus der Loft volley widdert d‘Laat an an de Gol schéisst: 3:1.

 

An der 82. kënnt de Bobby aus kuerzer Distanz zum Kappball, mä kritt de Ball net méi rofgedréckt, sou datt de Ball just iwwert de Gol geet. Eng Minutt méi spéit war et dunn de Fabio, deen en Ofpraller no Schoss vum Rafael konnt verwerten: 4:1.

 

De Mätch war domat definitiv gelaf, ma di Baastenduerfer, a virun allem de Bobby Mendes haat awer nach net genuch: den David Lorang gouf geschéckt, en huet de Golkipp an typescher David-Manéier ausgedanzt, de Ball zréckgeluecht, wou de Bobby säin Hattrick konnt vollenden.

 

Sou konnt eis 1. Ekipp Selbstvertrauen tanke virum Mätch am Championnat den nächste Sonndeg zu Harel.

 

Opstellung:

Tan Dat Bui

Yannick Zeien, Francis Gengler, Mike Do Rio (C), José Correia

Bobby Mendes, Nilton Tavares

Dany Lage Botelho, Christoph Herrmann, Fabio Lesueur

David Lorang

 

Agewiesselt:

Rafael Coimbra Vaz

Tom Hermes

Cyril Dacunha


DS