Knapp Néierlag zum Optakt


30 August 2020

Den FC47 verléiert säin 1. Mätch no sengem Retour an d‘1. Divisioun onglécklech mat 0:1 géint d‘Alliance Habscht-Äischdall. An der 81. Minutt markéiert den Jordi Oliveira den entscheedende mee och emstriddene Gol.

 

Den éischte Championnatsmätch vun der 1. Ekipp vum FC47 Baastenduerf säit Mäerz war laang erwaart ginn. Ganz fréi gouf et well schlecht Norechte fir d‘Heemekipp: den Dany Do Rio, deen dëse Summer vun Ierpeldéng zréck op Baastenduerf gewiesselt war huet sech beim waarm maache wéih gedoen a gouf duerch de Fabio Lesueur ersat.

De Mätch selwer huet du relativ verhalen ugefaangen, ofgesi vun enger Aktioun: No 5 Minutten huet de Christian Raths de Glenn Useldinger am Strofraum gefoult, sou datt de Kerim Skenderovic aus 11 Meter géint den Tan Dat Bui (genannt Taki) untrieden dierft. Trotz engem schaarfe Schoss a Richtung lénksen Eck huet den Taki dëse Ball staark gehalen.

 

Dëst war eigentlech deen eenzegen Highlight an der Ufanksphas vun engem Mätch, an deem ee béiden Ekippen d‘Spillpraxis (ofgesi vun Test- a Frëndschaftsmätcher) ugesinn huet, well d‘Spiller alleguer éischter viirsichteg agéiert hunn. Op béide Säiten koum eigentlech nëmmen en Hauch vu Gefor op bei Standardsituatiounen. An der 15. Minutt war dat no engem Korner fir d‘Alliance de Fall, de Kappball war awer zentral a kee Problem fir de Baastenduerfer Golkipp. 9 Minutte méi spéit war eng Fräistoussflank vum Yannick Zeien liicht ze héich sou datt de Christophe Herrmann mam Kapp net ganz hannert de Ball koum.

10 Minutte virun der Paus huet de Mätch dunn u Vitesse an Intensitéit gewonn. De Skenderovic huet e Kappball aus der Distanz just iwwert de Gol gesat an 1 Minutt virun der Paus war et de Samuel Amorim Da Silva mat der Nr 15 bei Habscht, deen e Kappball net op de Gol krut, obwuel hie ganz fräi stoung.

 

Op der anerer Säit hunn di Rout gutt Usätz gewisen, virun allem a Form vum Pierre Marchal, deen um Flilléck ugefaang huet Drock ze maachen. Sou ass et ouni Goler an d‘Paus gaangen.

 

Déi zweet Halschent huet intensiv ugefaangen. No 50 Minutten war et den opfällege Skenderovic, deen e Fräistouss op d‘Laat geschoss huet. Den Taki, dee wuel nach um Ball war, huet sech an dëser Aktioun wéih gedoen a misst kuerz behandelt ginn, ma hie konnt awer weider spillen.

 

An dëser Phas vum Mätch hunn déi zwou Ekippe mat oppenem Viséier gespillt an et goung vill hin an hier, ma et konnt keen sech konsequent duerchsetzen. Déi nächst Phas vum Mätch war dann éischter vu laange Bäll geprägt an de Mätch ass verflaacht.

Op der Baastenduerfer Säit huet den Trainer Carlos Pereira Macedo réagéiert an den Neizougang José Semedo Fernandes fir den David Lorang bruecht. Op der anerer Säit huet den Habschter Trainer Thierry Marx de Ken Stockreiser fir de Corin Grosber agewiesselt.

 

Dëst war d‘Signal fir déi zwou Ekippen nach eng Kéier lass ze leeën, a sou ass et dann och komm. De Mätch ass méi intensiv an och méi intressant ginn. An der 70. Minutt gouf de Bobby Mendes zentral net wäit virum 16er gefoult an hien ass selwer zum Fräistouss ugetrueden. Obwuel deen an d‘Mauer gaangen ass, koum hien zum Noschoss mat lénks, ma dësen ass knapps laanscht de lénkse Potto geflunn. De Raphael Gindt am Habschter Gol wier wuel net méi dru komm. An der 74. Minutt déi nächst gutt Baastenduerfer Chance fir de Bobby, deen no enger flaacher Hereingab vum Pierre Marchal just net un de Ball kënnt. Op der anerer Säit war et den agewiesselte Corentin Ianni, deen e Kappball net geféierlech genuch konnt op dem Taki säi Gol bréngen.

 

Déi zwou Ekippen hunn elo probéiert ëmmer méi Drock auszeüben a Baastenduerf hat nach eng weider Chance virum Géigegol: de staarken Nilton Tavares konnt sech staark um Flilléck duerchsetzen, ma seng Pass an d‘Mëtt gouf ofgewiert. An der 81. Minutt war et dunn awer sou wäit: No engem Aworf op der lénker Säit konnt de Skenderovic sech géint de Christian Raths duerchsetzen an huet de Ball weider op den Jordi Oliveira geleet, dee just nach de Ball huet laanscht den Taki misse leeën: 0:1.

Allerdéngs waren déi Baastenduerfer Spiller a Supporter not amused, well de Christian Raths beim Zweekampf zu Buedem gaange war an déi Rout hunn en Eelebouschlag reklaméiert.

 

Nom Géigegol waren d‘Spiller vum FC47 bësse geschockt. An der Folg hu si virun allem mat laange Bäll probéiert de Wee no vir ze fannen, ma dëst mat méissegem Erfolleg. Réicht an der 4. Minutt vun der Nospillzäit koum et nach bal zum Ausgläich. De José Semedo Fernandes krut de Ball am 16er an huet aus relativ spatzem Wénkel ofgezunn, ma den Habschter Golkipp konnt dëse Schoss mam Fouss ofwieren. Kuerz drop koum och de Luigi Porritiello nach zu engem Wäitschoss per volley, ma dës lescht Aktioun vum Mätch sollt schlussendlech awer ongeféierlech sinn.

 

Sou ginn d‘Baastenduerf onglécklech mat enger Néierlag aus dem 1. Mätch am Championnat. Déi Rout musse lo nächste Weekend auswärts géint Berduerf-Konsdref probéieren, déi éischt Punkten ze sammlen, während d‘Alliance Äischdall-Habscht et doheem mat Béiwen ze di kritt.



DS