FC 47 mecht kuerze Prozess mat Veianen

D'Ekipp feiert d'Victoire mam Präsi Foto vun Daniel Simon



28 October 2019

Baastenduerf fänkt déi éischt Halschent gemittlech un, während Veianen 90 Minutte laang kee Fouss op de Buedem kritt. Kuerz no der Paus entscheed eng rout Kaart fir de Veianer Golkipp de Mätch, ma et dauert awer 75 Minutte bis Baastenduerf seng Iwwerleeënheet endgülteg notze kann.

Iergendwéi ass e Sonndeg zu Veianen net wieklech Derbystëmmung opkomm. D'Intensitéit an den Zweekämpf war méisseg an de Mätch war och einfach ze eesäiteg fir datt et je spannend gi wier.

De Mätch huet lues ugefaangen an et huet 10 Minutte gedauert bis et zur 1. Chance komm ass. De Fabio Lesueur huet e Fräistouss vum 16er sou schaarf geschoss datt de Veianer Golkipp sech huet misse laang maache fir de Ball nach iwwer d’Laat ze leeën. Kuerz drop du leeft den Dany Botelho op de Gol an e gëtt wuel vum Golkipp erwëscht wéi hie laanscht geet, ma den Dany leeft weider an de Ball gëtt geklärt. A fréieren Derbyen wier d’Stëmmung hei scho mol gär opgehëtzt, ma souwuel um Terrain wéi och ënner den Zuschauer ass et ganz roueg bliwwen. Di Rout hunn Drock gemaach, awer ouni sech honnertprozenteg Chancen rauszepillen. Sou koumen e puer geblockt Schëss raus, mä net vill méi. Ab der 20. Minutt ass de Mätch verflaacht an d’Spill ass genau wéi de Reen zu Veiane viru sech higeplätschert. Di Veianer konnten sech do bësse vum Drock befreie mä si selwer awer offensiv net wäit komm.

An der 33. Minutt huet den FC 47 dunn décidéiert, datt si awer nach wéilten e Gol schéissen. Fir d’éischt huet de Francis Gengler no engem Fräistouss vum Yannick Zeien nëmme knapps dolaanscht gekäppt, dunn an der 37. Minutt war et endlech sou wäit: De Christoph Herrmann huet e wäide Ball verlängert op de Bobby Mendes. Deen huet dunn aus ca. 20 Meter gekonnt widdert e Verteideger geschoss, sou datt de Golkipp net méi un den ofgefälschte Ball komm ass. Domat stoung et 1:0 an de Bobby huet säin 11. Gol des Saison dem Präsi gewidmet, dee jo bekanntlech viru kuerzem säi Récktrett annoncéiert huet.

Endlech war dunn och méi Feier a Stëmmung do a Baastenduerf huet suguer Drock op en 2. Gol gemaach. Den Dany Botelho haat och nach bal d’Chance op de Gol, ma en haat sech de Ball schlussendlech awer ze wäit virgeluecht an de Golkipp konnt de Ball ophuelen.

 

No der Paus ass et du séier gaangen. An der 49. Minutt schéisst den Dany aus der Distanz an de Golkipp kann e just sou paréiren, datt et Korner gëtt. Dëse féiren di Rout kuerz aus, den Dany kënnt zur Flank, déi no enger Verlängerung um zweete Potto land, wou de Bobby (wee soss?) Zäit huet an aus ca. 15 Meter dem Golkipp per Volley an de laangen Eck keng Chance léisst. Dëst war well säin 12. Gol des Saison!

Puer Minutten drop huet de Kapitän Mike Do Rio e laange Ball op de Botelho gespillt, dësen zitt vu wäitem of, ma de Golkipp war rauskomm an huet de Ball mat der Hand ofgewiert. Allerdéngs war hie well aus dem Strofraum raus a gouf deemno mat Rout vum Terrain gestallt. Et gouf Fräistouss a Veianen huet misse wiesslen fir net e Spiller an den Gol stellen ze mussen. Och wann de Fräistouss just an d’Mauer gaangen ass, war de Mätch lo eigentlech entscheed. Bis ewell haat Veianen offensiv absolut guer keng Akzenter setze konnen a lo ware si och nach just zu zéngt.

 

Di Baastenduerfer hunn dëst dunn och verstan a lues a lues méi Drock opgebaut fir eng méiglechst héich Victoire ze erzwéngen: An der 62. Minutt haat den David Lorang fir d’éischt Chance an du Pech, wéi e Ball vu sengem Schinnebeen a Richtung Gol ofgeprallt ass a bal an de Gol gekullert wier, wann e Verteideger deen net nach gerett hätt.

An der 66. Minutt huet de Bobby et mat engem vu senge gefäerte Wäitschëss probéiert, ma den nominell 3. Veianer Golkipp (Di eigentlech Nr 1 war anscheinend aus Verletzungsgrënn guer net dobäi) huet staark konne paréiren. Zwou Minutten drop eng ähnlech Situatioun an den FC 47 haat an dëser Phas vill mëttelgrouss Chancen, ma et sinn awer nach keng weider Goler gefall. 

 

No enger staarker Ballstaffett war et dunn an der 74. Minutt wou de Yannick Zeien dem David de Ball staark zervéiert huet, sou datt hien den 3:0 markéire konnt. Lo ass et Schlag op Schlag gaangen: An der 75. Minutt huet den David de Ball op de Fabio riets raus gespillt. Dee bréngt e flaach ran, wou den Dany bedrängt den eidele Gol verfeelt huet. Eng Minutt méi spéit huet de Bobby dunn dem Fabio de Ball sou geluecht datt hien e just nach huet misse randrécken: 4:0. Dëst huet dann och gewisen a weider bewierkt datt Veiane sech geschloe ginn huet. An der 77. Minutt konnt de Yannick Zeien eng Situatioun clever fir sech notzen: Hie gouf am Strofraum sou beréiert datt et Eelefmeter gouf, deen den Dany Botelho flaach riets an den Eck zum 5:0 konnt verwandelen.

 

Dunn huet och Baastenduerf et méi roueg ugoe gelooss an an der 85. Minutt ass fir d’éischte Kéier opgefall datt di Veianer och Fussball spille kënnen. Si hunn de Ball bësse laafe gelooss an eng Minutt drop haaten si souguer di grouss Chance op den Éiregol. E Fräistouss vum Eck vum Strofraum ass (wuel mam gelangweilte Baastenduerfer Golkipp Gilles Reiser senger Hëllef) op der Laat geland.

D’Schlussnout gouf du vum wibbelege Fabio Lesueur gesaat, deen no staarker Viraarbecht vum Christoph an dem Bobby alleng op de Golkipp laafe konnt an och dëse Ball konnt verwerten, sou datt et schlussendlech 6:0 ausgaangen ass (88’).

 

No dësem wahrscheinlech eesäitegsten Derby am leschte Jorzéngt spillt den FC 47 Baastenduerf lo zweemol doheem: E Mëttwochowend gëtt de Mätch géint Biwer nogeholl (war wéinst dem Wieder ofgesot ginn) an e Sonndeg ass Wëntger zu Gaascht. Dëst si weider Chancen fir den FC 47 fir de Spëtzenduo Useldéng a Béiwen ënner Drock ze setzen.