Last-Minute-Néierlag géint Useldéng


26 September 2019

E Mëttwochowend war d'1. Ekipp vum FC 47 Baastenduerf der Jeunesse Useldéng no 96 Minutte mat 1:2 ënnerleeën. Den 1:1 konnt den David Lorang nach ausgläiche, ma den zweete Gol vun Useldéng koum sou spéit datt keng Reaktioun méi méiglech war.


Bei perfektem Fussballwieder huet et 20 Minutte gedauert bis um Terrain mol iergend eppes geschitt ass. Dat virdrun hätt een däitsche Kommentator wuel mat "Mittelfeldgeplänkel" beschriwwen an hätt domat och Recht gehaat. An der 21. Minutt huet Useldéng dunn ugefaang mat Fussball spillen a si koumen direkt zu enger Chance. Den Taki (Tan Dat Bui) am Gol vum FC 47 huet e Schoss vu lénks awer kënne mat de Féiss halen a suguer festhalen. De Wénkel war awer och well liicht ze spatz gi fir d'Useldénger Nummer 37 (Numm bei FuPa net ze gesinn).

Di Baastenduerfer hate kuerz drop och hir éischt an tatsächlech eenzeg richteg Chance an der 1. Halschent: den Nilton Tavares huet de Ball ofgefaang an huet e Konter ageleet. Seng Pass an de Stuerm huet den David Lorang clever ofgeluecht an de Bobby Mendes huet aus ca. 18 Meter knapps dolaanscht geschoss.

Elo huet Useldéng awer den Toun uginn an haat an den nächste Minutten zwou gutt Chancen. Fir d'éischt koum e Bloen alleng zum Schoss, ma dee Ball ass just riets laanscht de Wénkel geflunn. Erwähnenswert ass hei datt den Arbitter hei fälschlecherweis Korner ugewisen huet an di Useldénger hu grousse Fairplay gewisen an d'Situatioun richteg gestallt, sou datt et Ofstouss ginn ass. An der 27. Minutt dunn eng riseg Chance fir d'Jeunesse: Fir d'éischt muss den Taki sech laang maache fir e Schoss vu riets am Hechtsprong ofzewieren. Den Ofpraller krut du rem en Useldénger an de Fouss, ma deen huet et net fäerdeg bruecht fir de Ball an den eidele Gol ze drécke, well de Keeper vum FC 47 nach gespronge kënnt an dëst mat enger Heldendot vermeid.

Di Baastenduerfer hunn et mat Schëss aus der Distanz probéiert, mäi hei huet d'Präzisioun gefeelt (32' an 43'). Op der anerer Säit haat esou e Wäitschoss bal zum Erfolleg gefouert: Dës Kéier haat de Baastenduerfer Golkipp de Ball duerchrutsche gelooss an et huet net vill gefeelt. De Ball ass un de Potto geklatscht a vun do aus zréck an den Terrain.

Esou ass et mat 0:0 an d'Paus gaangen, an dat obwuel Useldéng eng Féirung hei vläicht scho verdéngt gehaat hätt.

Di 2. Halschent huet mat engem Negativhighlight ugefaang, wann och net vu sportlecher Natur. Een Useldénger krut de Ball sou hefteg op eng ganz empfindlech Plaz datt e minuttelaang um Buedem louch, gejaut huet, a misst behandelt ginn. Aua! De gudde Mann konnt duerno awer gottseidank weiderspillen, och wann en nach bësse gehumpelt ass.

Spilleresch huet Useldéng weider Gas ginn. Si si puermol duerch di rout Ofwier gebrach, ma di lescht Pass ass awer net ukomm. An der 55. Minutt dunn e Schreckmoment: den Taki, scheinbar ouni géigneresch Awierkung, huet sech verletzt a misst ausgewiesselt ginn. De Gilles Reiser ass komm an huet sech kuerz drop well missen (respektiv duerfen) beweisen. De Luigi Porritiello als leschte Mann am 16er hëlt en eigentlech harmlose Ball mam Aarm (wuel aus Reflex) an et gëtt Eelefmeter (63').

Ma de Gilles Reiser huet bewisen datt hien net laang brauch fir waarm ze ginn. De Besart Aliu huet net genau genuch gezilt an de Gilles Reiser ass gutt an an di richteg Richtung gespronge fir de Ball ofzewieren. D'Freed bei de Baastenduerfer war grouss, ma déi huet mol keng Minutt gedauert. Kuerz drop kënnt de selwechten Aliu nämlech no Virlag vum Duraku riets am 16er un de Ball, zéckt net laang a setzt en onhaltbar flaach an de laangen Eck. 0:1.

Di Baastenduerfer hunn trotzdem mol nach keng Reaktioun gewisen a waren offensiv weider passiv. Di nächst Chance huet dunn och den Useldénger gehéiert a rem misst de Gilles Reiser sech am Gol vum FC 47 mat enger staarker Parad beweisen. De Korner dono huet en Useldénger knapps dolaanscht gesat.

Quasi aus dem Näicht gouf et dunn Eelefmeter fir Baastenduerf. No enger Flank huet en Useldénger säi Kierper regelwidreg agesat an den David Lorang haat d'Chance fir vum Punkt auszegläichen. Den David huet sech dës Chance net entgoe gelooss an de Ball souverän ënne lénks versenkt. 1:1 (74')

Dëst war de Start fir di intressantste Phas vum Mätch, well di Baastenduerfer endlech wakrech gi sinn an aktiv probéiert hunn offensive Fussball ze spillen. Di nächst 20 Minutte waren een Hin-an-Hier, an deem béid Ekippen di 3 Punkte wollten an och dementspriechend Changementer gemaach hunn. An der 77. Minutt ass de Bobby Mendes no Pass vu lénks zum Schoss komm, ma deen ass ganz knapp laanscht de Potto gerauscht. Op der anerer Säit huet de Luigi mat engem staarken Tackling e Schoss aus aussiichtsräicher Positioun verhënnert.

An der 85. di nächst Chance fir den FC 47 a Persoun vum Bobby. No Viraarbecht vum Dany Botelho koum de Bobby zum Schoss, ma des Kéier war dësen ze zentral. Elo war richteg Feier am Mätch an an den Zweekämpf. Kuerz virum entscheedende Gol haaten di Baastenduerfer selwer d'Chance op d'Victoire: Den agewiesselte Christoph Herrmann konnt geschéckt laanscht de Golkipp goen, ma de Wénkel ass dunn ze spatz ginn a säin Ofschloss gouf op der Linn vun engem Ofwierspiller geklärt. Den David koum nach volley vum Noschoss, ma de Golkipp war an der Zwëschenzäit rem zréck an haat kee Problem mat dësem ze zentrale Ball.

De battere Schlusspunkt vum Mätch koum dunn an der 94. Minutt: Fräistouss Useldéng riets op Héicht vum Mëttelkrees. Quasi all d'Spiller sti virum Baastenduerfer Strofraum, mä de Fräistouss gëtt kuerz gespillt op den Duraku. Dee schléit dunn de laange Ball an de Strofraum, mat deem wuel kee Roude gerechent haat, well am 16er stinn opeemol just nach Bloer, sou datt de Lill an aller Rouh kann an de laangen Eck käppen a léisst domat dem Gilles am Gol keng Chance. 1:2. Kuerz drop huet den Arbitter ofgepaff.

Alles an allem also e battere Mätch fir den FC 47 mat engem enttäuschende Resultat. Domat steet Baastenduerf op der 5. Plaz mat 6 Punkten, elo 6 Punkten hanner Useldéng, déi weiderhin 1. sinn. D'Saison ass awer nach laang an di engagéiert Schlussvéirelstonn dierf dem FC 47 Hoffnung maachen, datt et an den nächste Mätcher géint Pärel (Sonnden, 29.9. 16h zu Pärel) an d'Woch drop géint Ell ka besser goen.

DS