Coronavirus: Trainingsbetrib vun der Jugend ausgesat


13 March 2020

Fir déi weider Verbreedung vum Coronavirus ze verluesen, huet d'FLF décidéiert bis op Weideres de Spillbetrib am Fussball auszesetzen.
En Donneschdenowend huet d'Regierung dann och ugekënnegt, d'Schoulen zwou Wochen zouzemaachen.
An dësem Kader huet och den FC 47 Baastenduerf décidéiert fir den Trainingsbetrib vun der ganzer Jugend auszesetzen.
Domat fënnt déi nächst Woche kee Jugendtraining statt. Sollten Elteren oder Spiller Froen hunn, kënnen si sech bei de jeweilegen Trainer mellen.

Mir wäerte probéieren Iech hei um Lafenden ze halen, soubal et Neiegkeete gëtt.

De Comité